Alerte jaune fir e MéindegSchnéi op de Koppen, Schnéireen a Reen an den Däller - Glat Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Meteolux huet um Sonndeg de Mëtteg eng Warnung erausgi fir e Méindeg tëscht 6 a 16 Auer, dat wéinst Schnéischaueren, déi sech ukënnegen.
© Domingos Oliveira / RTL

Schnéi um Méindeg haaptsächlech am Éislek

Virun allem am Laf vum Moie muss een uechter d’Land mat Schnéi an dann och glate Stroosse rechnen, esou d’Informatioun vun de Meteoexperte vu Kachelmann.

D’Schnéifallgrenz läit da bei 300 bis 400 Meter. Et sinn 1 bis 5 cm Schnéi méiglech. Spéider geet dat Ganzt dann awer a Reen iwwer, esou de Pronostic. D’Temperaturen am Nomëtteg leie bei 1 bis 4 Grad.

Meteoluxhat e Sonndeg de Mëtteg schonn eng Alerte jaune erausgi fir e Méindeg. D’Warnung gëllt vu moies 6 Auer bis um 16 Auer.

An der Nuecht op en Dënschdeg kann et dann och am Éislek nach e bësse schneien a vu Kachelmann ass et d’Warnung viru Glatäis.

Situatioun um Weekend

Schonn e Freideg den Owend huet et am Éislek plazeweis ugefaangen, liicht ze schneien. Och um Samschdeg de Moie war et e Mix aus Schnéireen a Schnéi, deen erofkomm ass. Dat ass deels duergaangen, fir dass een e liichte wäisse Flom konnt gesinn.

An der Nuecht op e Sonndeg goung et dann och weider mat de Schaueren, déi uechter d’Land als Reen erofkommen, an iwwer 500m nees als Schnéireen oder Schnéi. D’Temperaturen um Sonndeg de Moie louche tëscht 0 an 3 Grad, plazeweis war dann och glat gemellt.

Back to Top
CIM LOGO