Mobil EkippenScho méi wéi 1.300 Leit hunn op d'Offer vum Impf-Bus zeréckgegraff

RTL Lëtzebuerg
Zanter dem 7. August huet een d'Méiglechkeet, sech ouni Rendez-vous am sougenannten "Impf-Bus" impfen ze loossen.
Impfbus
Zanter dem 7. August huet een d'Méiglechkeet, sech ouni Rendez-vous am sougenannten "Impf-Bus" impfen ze loossen.

Mat dësem ëmfonctionéierte Party-Bus sinn déi mobil Ekippe vun der Gesondheetsdirektioun op Evenementer present, wou ee sech da ka sur place ganz spontan picke loossen. Wéi gëtt sech organiséiert a wat motivéiert d'Leit, déi an der Schlaang stinn, fir sech elo impfen ze loossen? Mir krute leschte Sonndeg een Abléck an d'Aarbecht vum Impfbus, do war en nämlech am Kader vun der Concert-Serie Pond Eclectic am Park um Kierchbierg.

De Samuel Luyasu, Médecin urgentiste aus dem CHL, erkläert:

"D'Leit kënne ganz einfach ouni Rendez-vous an den Impf-Bus komme mat hirer Carte d'Identité an der CNS-Kaart. Do kënne se dann tëscht zwee Vaccine wielen. Entweder Biontech/Pfizer, bei deem een zwou Dosisse brauch an déi zweet entweder an der Victor-Hugo-Hal oder a verschiddenen Doktesch-Praxisse gesprëtzt gëtt. Oder de Vaccin Johnson, bei deem een nëmmen eng Dosis brauch. Do hunn d'Leit also de Choix, mee natierlech kann den Dokter hei wéinst verschiddene medezinesche Parameter ee Produit deem anere virzéien an deen da recommandéieren."

Vun der Logistik hier geet den Impf-Bus engem traditionellen Impfzenter dann och net wäit aus de Féiss. Am Ganzen hätte schonn iwwer 1.300 Leit op d'Offer vum Impf-Bus zréckgegraff.

"Mat enger Altersmoyenne ëm déi 35 Joer, mee et si Leit vun all Alter derbäi. Patiente vun 12 Joer kommen heihinner, grad wéi och Leit, déi der 80 sinn. Circa 8 Prozent vun de Leit, déi hei an den Impf-Bus kommen, hunn iwwer 60 Joer. Eng Majoritéit sinn also Jonker, mee et ass natierlech jiddereen wëllkomm."

Back to Top
CIM LOGO