Raum Fëschbech Schof sinn ausgebéchst a lafe fräi ronderëm

RTL Lëtzebuerg
D'Police deelt mat, dass Leit, déi Informatiounen iwwert dës Schof hunn, sech solle mellen.
© pixabay

An de leschten Deeg goufe bei der Police Schof am Raum Fëschbech gemellt, ënnert anerem an der rue Grande-Duchesse Charlotte. Éischten Informatiounen no soll et sech ëm "Kamerunschof" dréien.

Indicen an Informatiounen iwwert d'Schof, respektiv wiem d'Déiere gehéiere kéinten, si fir d'Police vu Miersch (244-90-1000).

Back to Top
CIM LOGO