No Inspektiounen op der PlazSchold u Luxair-Noutlandung war e Sensor, deen net richteg funktionéiert huet

RTL Lëtzebuerg
Erratesch Messagë vun engem Sensor hunn en Donneschdeg zu Nice zur Noutlandung vun engem Luxair-Fliger gefouert.
D’Maschinn vun der Luxair no der Noutlandung zu Nice
© Mobile Reporter

Schold war e Sensor, deen erratesch Messagen erausginn huet. Déi hunn en Donneschdeg zu der Noutlandung zu Nice vun engem Luxair-Q400 gefouert. Dat hunn Inspekteren a Mecaniciene vun der Luxair op der Plaz erausfonnt. An anere Wierder: “Et war kee mechanesche Feeler an et bestoung zu kengem Ament eng reell Gefor fir d’Passagéier oder d’Crew”, esou déi national Fluchgesellschaft géintiwwer RTL. Och wann de Sensorfeeler elo confirméiert ass, gëtt en detailléierte Rapport vum Virfall gemaach.

De Fliger gouf antëscht och technesch kontrolléiert a kann op Lëtzebuerg zeréckfléien.

E Video op Youtube weist iwwerdeems, wéi de Pilot d’Landung geréiert huet. En huet fir d’éischt lénks opgesat an ass du ganz lues no riets pivotéiert, wou dee feelerhafte Sensor jo gemellt hat, den Train d’attérissage wier net locked, also net richteg “agerast”, wat e finalement awer war. Op där Säit ass de Propeller och net gedréint, well d’Prozedur virgesäit, datt dee Motor an esou enger Situatioun muss aus sinn an de Kerosin och vun do op déi aner Säit muss gepompelt ginn – fir de Fall, datt de Fliger sech do géif op de Bauch leeën, wéi de Luxair-CEO Gilles Feith en Donneschdeg den Owend am Interview op RTL Télé Lëtzebuerg erkläert hat.

Liest dozou och déi heiten RTL-Artikelen:

Back to Top
CIM LOGO