Et ass och also fir si nach net kloer, wéi et no der Chrëschtvakanz mam Schoulhale soll virugoen. De Minister hätt op de Regierungsrot vum nächste Méindeg verwisen, wou eben Decisioune solle geholl ginn. D’Hoffnung géif bestoen, dass d’Infektiounszuelen bis Enn der Woch nach géifen erofgoen an deemno keng Ännerungen néideg wieren. Sollt et awer zu engem Lockdown Ugangs Januar kommen, géif fir eng Zäit en allgemengen Homeschooling gëllen an net eng Verlängerung vun der Chrëschtvakanz.