
D'Schoule fonctionéiere vun nächster Woch un nees nom nämmlechte Modell, wéi virun der Chrëschtvakanz, dat sot de Minister Claude Meisch e Mëttwoch de Mëtteg den Deputéierten an der Chamber-Bildungskommissioun. Dat heescht ënnert anerem, dass d'Schüler op den ieweschte Klassen am Lycée zum Deel Coursen op Distanz hunn an dass d'Schüler musse Masken unhunn, wa si net sëtzen. Et géif da vu Woch zu Woch gekuckt ginn, wéi ee viru fiert.
Et wiere bis ewell keng gréisser Problemer wärend der Schoul-Doheem-Woch gemellt ginn, weder Problemer beim Material, nach datt eng gréisser Zuel vu Schüler ënnergedaucht wier. Trotz engem bis ewell positive Bilan, freet e sech op de Retour. D'Djuna Bernard vun déi Gréng:
Et wier positiv, datt ee bei den Co2-Miesser viru komm wier an do déi éischt an de nächste Wochen installéiert ginn. Et wier och positiv ze gesinn, datt d'Lëft-Strategie nach eng kéier ugepasst gëtt. Weider soll och sämtlecht Personal a Schüler iwwert de Large Scale dës an d'nächst Woch kënne getest ginn.
All Woch, déi de Schüler face-à-face mam Léierpersonal ka verbréngen, ass eng wichteg Woch, esou nach déi gréng Deputéiert. Fir d'CSV stinn nach weider vill Froen op, Froen, déi ee sech och scho virun der Chrëschtvakanz gestallt huet. Zum Beispill beim Schoulsport. D'CSV Nord-Deputéiert, Martine Hansen:
Et begréisst een, datt mat de Leit um Terrain géif no Solutioune gesicht ginn, ma et géif un engem konkrete Stufeplang feelen, fir adequat Mesurë mat enger verständlecher Begrënnung ze huelen, esou nach d'Oppositiounspartei.