Science FestivalSchoulen, Entreprisen a Fuerscher ginn hiet Wësse weider

RTL Lëtzebuerg
Den Naturmusée an de Fonds National de Recherche hunn dëse Weekend déi 12t Editioun vum Festival organiséiert.
Déi 12. Editioun vum Science Festival
Den Naturmusée an de Fonds National de Recherche hunn dëse Weekend déi 12t Editioun vum Festival organiséiert.

Wéi fonctionnéiert ee Roboter ? Wat geschitt wann een ee Stéck Eisewoll verbrennt ? Op dës Froe krut Kleng a Grouss um Science Festival am Naturmusée an an der Abtei Neimënster eng Äntwert. Den Naturmusée an de Fonds National de Recherche hunn dëse Weekend déi 12. Editioun vum Festival organiséiert.

Mathe a Science si vläicht net jidderengem säi Liiblingsfach. Ma um Science Festival kënnen déi Jonk dës Fächer emol ganz anescht kenne léieren. Op engem Stand erklären zum Beispill Schüler aus dem Stater Jongelycée Kanner Chimie-Experimenter. E bëssi méi wäit kann een eng Iddi vum Astronautentraining kréien. Mat engem Géigegewiicht gëtt een am Rondel gedréint, da gëtt een ëmmer méi an de Sëtz gedréckt, wéi een Astronaut dee séier an de Weltall flitt. Donieft gëtt mat Faarwen aus Kamellen experimentéiert, fir erauszefannen, wéi Faarwe gemëscht ginn. Anzwousch anescht erkläre Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg mat Jonken de Kanner Landkaarten a wéi een Héichten an Déifte moosst.

Och aus aneren Naturwëssenschaften an aus der Informatik waren Aktivitéiten um Programm. A Kanner esou ze begeeschter wier ganz einfach. Et bräicht een näischt Komplizéiertes, sou de Patrick Michaely vum Naturmusée. Da kéim et ganz dorop un, wéi gutt ee Mediateur oder ee Fuerscher vu senger Aarbecht schwätze kann.

Eng 40 Partner, dorënner Schoulen, Entreprisen a Fuerscher, ginn um Science Festival hiert Wësse weider. Esou ka jiddereen op eng flott Manéier d'Wëssenschaften an d'Fuerschung aus dem Grand-Duché entdecken.

Back to Top
CIM LOGO