
Et zirkuléieren Informatiounen, deenen no och hei am Land d’Schoule wéinst dem Coronavirus zougemaach ginn. "Et ass näischt decidéiert", héiert een aus Regierungskreesser. RTL-Informatioune no, huet d'Educatioun de Presidente vum Schoulcomité matgedeelt, dass pedagogesch Sortien a Schwammcoursen vum 13. Mäerz un ofgesot sinn.
En Donneschdeg den Owend um 18 Auer ass en ausseruerdentleche Regierungsrot, wou RTL-Informatiounen no, all déi verschidden Zenarien ënnert d’Lupp geholl ginn. Et ass nach näischt decidéiert, well all d’Servicen aus all den Ministeren opgeruff gi sinn, bis den Owend all déi nëtzlech Informatiounen ze sammelen an Zenarien auszeschaffen.
Am Ganze si bis elo 19 Leit hei am Land mam Virus infizéiert. Well d’Direktioun vun der Santé en Donneschdeg awer fir d’éischte Kéier zwee Fäll gemellt huet, wou de Virus hei am Land iwwerdro gouf, ass op jidder Fall kloer, datt d’Aschätzung vun der Situatioun eng aner ass wéi bis elo. En Donneschdeg den Owend réischt decidéiert d’Regierung am Conseil wéi et virugeet. De Briefing vum Premier an den zoustännege Ministere nom Regierungsrot gëtt natierlech live op RTL iwwerdroen.

Zur Erënnerung: Leit, déi Symptomer hunn oder aus Risiko-Zonen zeréckkommen, sollen net bei den Dokter oder an d'Urgencë goen. D’Hotline ass den 8002 8080.