Fir d'Rentrée muss net alles nei sinnSchoulmaterial kritt en zweet Liewen

Tim Morizet
Schoulsak, Hefter, Dossieren oder Schoulbicher: D'Rentrée gëtt bei Famille séier eng deier. Dobäi muss net alles nei kaf ginn.
Zweet Liewe fir Schoulmaterial
Beim SIDEC gëtt zanter 2023 ronderëm d'Rentrée eng speziell ReUse-Aktioun organiséiert.

E Schoulsak, deen ze kleng ginn ass. Eng Schachtel, déi nach an der Rei ass, oder Hefter, an déi nach näischt geschriwwe gouf. Wat um Enn vun engem Schouljoer net méi gebraucht gëtt, muss net onbedéngt an der Poubelle landen.

Beim SIDEC gëtt zanter 2023 ronderëm d'Rentrée eng speziell ReUse-Aktioun organiséiert. Privatleit kënnen an de Ressourcenzenteren al Schoulsaachen ofginn. D'Mataarbechter kucken d'Material duerch, ass et nach an engem gudden Zoustand, kënnt et an d'Regaler a ka vun anere Leit gratis matgeholl ginn. D'Aktioun gëtt an alle Ressourcenzentere vum SIDEC ugebueden.

Ronn zwou Tonne Schoulmaterial pro Joer

Dobäi kënnt méi zesummen, wéi ee vläicht géif mengen. "Dat si ronn 2.000 Kilo. Also zwou Tonne Schoulmaterial an där kuerzer Period, wou mir déi Aktioun lafen hunn", erkläert de Carlos Neves, Responsabele vum Service Technique beim SIDEC.

Ugeholl, gëtt praktesch alles, wat an a ronderëm e Schoulsak gehéiert: Rucksäck, Schachtelen a Stëfter, eidel Hefter, Dossieren oder och Schoulbicher, soulaang dës nach an engem gudden Zoustand sinn.

D'Motivatioun vun de Leit wier dobäi net ëmmer déi selwecht. Fir déi eng steet d'Ëmwelt am Vierdergrond, anerer gesinn an der Aktioun eng Méiglechkeet, bei der Rentrée Suen ze spueren, sou de Carlos Neves.

Eng Limitatioun gëtt et awer: Material, dat um Enn vun der Aktioun keen neie Besëtzer fonnt huet, kann de SIDEC aus Plazgrënn net bis dat Joer drop stockéieren. De Carlos Neves hofft dofir, datt an Zukunft Strukturen entstinn, déi esou Material iwwerhuele kéinten.

Schoulbicher iwwer eng Plattform weiderginn

Och den Educatiounsministère setzt op d'Iddi vum Weiderbenotzen. Zanter 2023 gëtt et d'Campagne "Upbooking", déi sech virun allem u Schüler aus dem Secondaire riicht. Dëst Joer leeft déi véiert Editioun. Iwwer eng Online-Plattform kënne Schüler Schoulbicher, déi si net méi brauchen, ubidden an direkt mat anere Schüler a Kontakt trieden.

Aktuell sinn, esou d'Sandra da Silva vun der Division matériels didactiques, ronn 1.600 Annoncen op der Plattform. Wéi vill Bicher effektiv de Besëtzer wiesselen, kann de Ministère awer net chiffréieren, well den Echange dono direkt tëscht de Schüler organiséiert gëtt.

Fir d'Weiderbenotzen och finanziell attraktiv ze maachen, gëtt et e Bonus: Wien en obligatorescht Schoulbuch vun engem anere Schüler iwwerhëlt, kann iwwer MyBooks e Bong an Héicht vu 50 Prozent vum Neiwäert vum Buch kréien.

"Et ass net well eppes gratis ass, datt et kee Wäert huet"

Fir de Schüler selwer sinn déi obligatoresch Schoulbicher am Secondaire gratis. Gratis produzéiert ginn se awer net. De Wäert vun engem komplette Set läit am Duerchschnëtt tëscht 400 a 500 Euro, jee no Filière, esou den Educatiounsministère. Eenzel méi technesch Bicher kënnen iwwer 100 Euro kaschten.

D'Campagne soll dofir net nëmme Ressourcen aspueren, mee och d'Ëmgoe mam Material veränneren. "Et ass net well eppes gratis ass, datt et kee Wäert huet", betount d'Sandra da Silva. E Buch géif net nëmme Sue kaschten, mee och Ressourcen a wier virun allem en Instrument, fir Wëssen ze vermëttelen.

D'Zil wier et, manner Bicher ewechzegeheien, déi no engem Schouljoer nach bal wéi nei sinn. Duerch d'Weiderbenotze sollen ënner anerem Pabeier, Plastik an Tënt agespuert ginn, déi fir d'Produktioun vun neie Bicher néideg wieren.

"Och wann ee just een oder zwee Bicher d'Joer net an d'Poubelle geheie géif, mee se weidergëtt", wier dat schonn e Schrëtt an déi richteg Richtung, esou nach d'Sandra da Silva.

Back to Top
CIM LOGO