6 BlesséierterSchroen Accident e Freideg den Owend zu Jonglënster

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend sinn op der RN11 um Jonglënster Contournement zwee Autoen net laanschtenee komm.
© Domingos Oliveira / RTL

Beim Accident géint 21 Auer goufe sechs Persoune blesséiert. Wéi d’Police confirméiert, goufen dräi Persoune méi schro blesséiert. Wéi een Auto een anere wollt iwwerhuelen, huet de Chauffer d’Kontroll iwwer säi Won verluer an ass mat engem Auto kollidéiert, deen him entgéint koum.

Déi zwee Leit, déi an dësem Auto souzen, goufen ageklemmt an hu misse vun de Secouriste befreit ginn. Si goufe schwéier blesséiert a hu missen no enger Éischter Hëllef op der Plaz an d’Spidol bruecht ginn.

Och am Auto, deen den Iwwerhuelmanöver gestart hat, gouf eng Persoun ageklemmt. An dësem Auto souze véier Leit, vun deenen eng schwéier an déi dräi aner méi liicht blesséiert goufen. D’Streck war zäitweis komplett gespaart. Eng ganz Rei Secouriste waren op der Plaz. Nieft zwee Samuen aus der Stad waren och fënnef Ambulanzen am Asaz.

Och zu Rodange ass e Freideg géint 15.50 Auer een Auto op d’Géigebunn geroden an ass mat engem anere Won frontal zesummegestouss. Duerch déi staark Kollisioun ass den éischten Auto géint véier Gefierer geschleidert ginn, déi laanscht d’Strooss geparkt waren. Dës goufe schwéier beschiedegt.

Am Auto, deen entgéint koum, souzen zwou Persounen, déi liicht blesséiert goufen a fir weider Kontrollen an d’Spidol bruecht goufen. De Chauffer vum Auto, deen den Accident ausgeléist hat, ass selwer net blesséiert ginn. En Alkoholtest ass awer positiv ausgefall.

Och hei huet d’Streck komplett gespaart musse ginn. Wärend d’Police op der Plaz hir Aarbecht gemaach huet, ass hinnen een Auto opgefall, an deem déi zwee Insassen net ugestréckt waren. Wéi sech erausgestallt huet, hat de Chauffer säi Fürerschäin ofgeholl kritt. Géint hie gouf eng Plainte gemaach.

Weider mellt de CGDIS dann nach ee Blesséierten e Freideg den Owend an der Stad an der Rue de Neudorf. Hei war een Auto widder ee Moto komm.

An der Nuecht op e Samschdeg si véier weider Chaufferen duerch hier Fuerweis opgefall a goufen op Alkohol kontrolléiert. De véier Chaufferen zu Déifferdeng, Nidderkuer, Gréiwemaacher a Stengefort huet missen de Fürerschäin ofgeholl ginn.

D’A1 ass e Samschdeg tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Sortie Sandweiler/Hamm iwwerdeems nees fir de Verkéier op. D’Streck war e Freideg jo stonnelaang komplett gespaart, nodeems et ee Camionsaccident mat engem Doudesaffer ginn hat.

Back to Top
CIM LOGO