D'Autobunn ass a béide Richtungen nees komplett op

© RTL Mobile Reporter
Tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Sortie Sandweiler/Hamm war e Freideg ee Camion an d'Mëttelplank gefuer.
Géint 20.20 Auer e Freideg den Owend koum d'Nouvelle vun der Police, dass d'Autobunn op der Plaz vum Accident a béide Richtungen nees op enger Spuer lafe géif. Et sollt een awer mat weidere Perturbatiounen am Trafic rechnen.
E Samschdeg de Moien koum dunn d'Confirmatioun, datt den Trafic op der A1 a béid Richtungen nees wéi gewinnt leeft.
Wat war geschitt?
Wei d'Police RTL géintiwwer confirméiert huet, ass eng Persoun beim Accident ëm d'Liewe komm, eng weider gouf schwéier blesséiert.
Géint 10 Auer um Freideg war tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Sortie Sandweiler/Hamm e Camion, deen an Direktioun Stad ënnerwee war, an d'Mëttelplank gerannt, huet och e Panneau vum CITA mat ewechgeholl, wat op d'Géigebunn gefall ass.
De Chauffer vun engem Auto, deen op der Géigebunn entgéintkoum, war op der Plaz dout. D'Bäifuererin gouf schwéier blesséiert.
Zwou Persounen an engem Minibus, déi och op der Géigebunn ënnerwee waren, goufe liicht verwonnt. De Chauffer an de Bäifuerer vum Camion koumen och mat liichte Blessuren an d'Spidol.
D'Police hat iwwert d'Mëttegstonn ugefaangen d'Autoen, déi am Stau stoungen, ze evakuéieren.
Duerch déi komplett Fermeture vun der Autobunn huet sech de Stau op aner Plazen verdeelt.