Um CR103Schroen Accident tëscht Mamer an Dippech

RTL Lëtzebuerg
E Freideg géint 17 Auer koum et zu enger Frontalkollisioun tëscht zwee Gefierer op der Streck tëscht Mamer an Dippech. De Samu war am Asaz.
© Domingos Oliveira / RTL

Éischten Informatiounen no goufen 3 Persoune blesséiert, eng dovu méi schro.

Duerch d’Kollisioun vun den zwee Gefierer hat eent vu béiden och Feier gefaangen. D’Strooss huet wärend de Rettungs- an Opraumaarbechte musse fir den Trafic gespaart ginn.

Zu Diddeleng huet et e Freideg den Owend géint 19 Auer op der Tribün vum Fussballterrain am Stade Jos Nosbaum gebrannt. Detailer feelen. Et blouf beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO