
Éischten Informatiounen no ass de Motocyclist aus Richtung Useldeng komm an krut bei engem Iwwerhuelmanöver en Auto ze paken.
Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun verwonnt. De Rettungshelikopter war am Asaz, grad ewéi eng Ambulanz vu Lëntgen an d’Pompjeeë vun Useldeng a Biissen.
D’Strooss war komplett fir den Trafic gespaart, ass awer géint 18.30 Auer nees opgaangen.
Um 14.45 Auer ass zu Esch am Rond-point An der Schmelz e Motocyclist mat senger Maschinn gefall. Och hei huet de SAMU mussen an den Asaz. Fir de Recht waren d’Rettungsdéngschter vun Esch op der Plaz.