IwwerschloenSchroen Accident um CR129 tëscht Guedber an Hiefenech

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch de Moie géint 10 Auer koum et op der Streck tëscht Guedber an Hiefenech zu engem Accident, bei deem 1 Persoun schwéier blesséiert gouf.
Accident sur le CR 129
Une personne a été grièvement blessée entre Heffingen et Godbrange.

En Automobilist hat sech do mat sengem Gefier iwwerschloen. De Samu aus der Stad, d'Ambulanz aus der Fiels an d'Pompjeeë vun Hiefenech a Jonglënster waren op der Plaz.

Weider Detailer feelen nach.

Weider Accidenter um Mëttwoch de Moien

Géint 7.30 Auer koum et um CR101 tëscht Këntzeg a Mietzeg zu engem Verkéiersaccident. Och hei hat sech e Gefier iwwerschloen. Eng Persoun gouf dobäi verwonnt. Am Asaz waren d'Ambulanz vu Péiteng an d'Pompjeeë vu Käerjeng.

De Bilan vum Accident kuerz virun 8 Auer tëscht Fluessweiler an Dräibuer ass 1 Blesséierten. Sur place waren d'Pompjeeë vu Fluessweiler an d'Ambulanz vu Jonglënster.

Back to Top
CIM LOGO