Koplescht - MamerSchroen Accident um Donneschdeg de Moien - 3 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg géint 8.15 Auer koum et tëscht Koplescht a Mamer zu engem Accident, an dat 3 Gefierer involvéiert waren.
© Domingos Oliveira / RTL

Wéi de CGDIS schreift, goufen 3 Persoune verwonnt. D’Streck huet musse komplett fir den Trafic gespaart ginn.

Am Asaz waren 2 Ambulanzen aus der Stad, grad ewéi d’Pompjeeë vu Koplescht.

En Donneschdeg géint 6.30 Auer ass zu Péiteng en Auto an e Potto gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt. D’Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng war op der Plaz, grad ewéi d’Pompjeeë vu Péiteng.

Back to Top
CIM LOGO