“Am ganz wichtege Naturschutzgesetz geet et drëm, eis Liewensgrondlag ze erhalen, mee mir wäerten e puer Artikelen upassen”, seet déi nei Ëmweltministesch no hirer Entrevue an der Ëmweltkommissioun vun der Chamber.
D’Verfassungsgeriicht sot am Juli an engem Urteel, dat Gesetz géif vis a vis vum Bierger, ze vill rigid applizéiert. Dat heescht: Amplaz dass de Ministère bei Autorisatiounen d’Verhältnesméissegkeet kuckt, géif géint d’Verfassung an d’Mënscherechter verstouss.
Annerhallef Stonn gouf an der Chamberkommissioun iwwert eis Bëscher geschwat. An du séier nach 10, 15 Minutten iwwert d’Naturschutzgesetz. Obschonns hei e Verstouss géint eis Verfassung thematiséiert gouf an dat ass jo och net grad näischt. En Urteel vum Verwaltungsgeriicht – et goung ëm en Ëmbau vun engem Haus an der Gréngzon, deen de Ministère, der Cour administrative no hätt missen erlaben – dëst Urteel misst d’Politik natierlech acceptéieren.
1 bis 2 Artikele mussen ugepasst ginn vun am Ganze 85, sou d’Ëmweltministesch, déi weider rassuréiert huet, datt et hiren Job wier, Upassunge esou virzehuelen, datt d’Natur net dorënner leit.
D’Deputéiert – net just déi vun der Oppositioun – waren no der Entrevue net wierklech rassuréiert, dass de Bierger hir Rechter respektéiert wäerte ginn. D’Martine Hansen hat d’Ministesch an d’Kommissioun zitéiert – ze kuerz war d’Gespréich.
D’Martine Hansen vun der CSV huet net esou richteg gesinn, datt d’Bierger méi Rechter géinge kréien. Virun 2018 wier ee Recours en Reformation méiglech gewiescht, datt heescht, e Riichter, deen d’Decisioun annuléiert hätt, hätt och kënnen direkt eng Geneemegung ginn. Dat hätt awer verschidde Leit net sou gutt gefall, sou datt dëst geännert gouf an e Recours en Annulation. Et wéisst een net, ob elo wierklech eng Bereetschaft do wier fir dëst änneren, sou d’Martine Hansen.
De Fred Keup vun der ADR vermësst och konkret Aussoen. Elo misst een 2-3-4 Méint waarden an dat wier e bësse schued, well ee sech um Méindeg scho méi konkret Hëllef fir déi Leit, déi an der Gréngzon wunnen, erwaart hätt.
De Max Hahn vun der DP sot, datt wa Saachen am Raum stéingen, déi net ganz vill Sënn maachen, da misst een dat ganz eescht huelen, wat een um Méindeg an der Kommissioun och confirméiert kritt hätt.
Et wier een nach keng Detailer gewuer ginn, sou d’Cécile Hemmen vun der LSAP. Et misst een e gesonden Equiliber fannen an datt Leit, déi Besëtz an enger Gréngzon hunn, datt déi dee Besëtz och kënnen erhalen.
Et ass a bleift spannend, effektiv, ouni richteg Detailer kritt ze hunn, goung dës Chamberkommissioun op en Enn, mee d’Majoritéit vun den Deputéierten schéngt der Ministesch ze trauen. On verra.