Schoul doheemSchüler sinn am digitalen Unterrecht méi schwéier ze motivéieren

Monica Camposeo
Dës Woch ass fir all d'Schoulklassen nees "Schoul doheem" ugesot.
Homeschooling
Dës Woch ass fir all d'Schoulklasse nees Homeschooling ugesot.

Nom éischte Versuch am Fréijoer, wéi d'Decisioun jo extrem kuerzfristeg getraff gouf, sinn d'Erwaardungen dës Kéier nawell méi héich. Wat ass aus der éischter Erfarung geléiert ginn a wéi eng Problemer hunn d'Kanner a Jugendlecher nach ëmmer bei de Coursen op Distanz?

Keen Toun wéinst enger falscher Astellung, e wackelegt Bild oder eng Verbindung, déi ëmmer nees ofbrécht. Dat si geleefeg Problemer, wann een sech virtuell ënnerhale wëll. Wärend déi meeschten technesch Schwieregkeeten mat der Zäit konnte behuewe ginn, bleiwen awer d'Nodeeler, déi den Homeschooling nu mol mat sech bréngt. De Bob Reuter ass Unisprofesser op der Uni Lëtzebuerg a fuerscht zum digitalen Unterrecht.

Et wier méi schwéier, de Schüler ze motivéieren. Am Klassesall wier dat anescht, do kéint een mënschlech an interrelationnell op de Schüler awierken. Op Distanz géing een dee Kontakt verléieren. Dat wier awer dramatesch, well déi Schüler a Schülerinnen, déi manner gären an d’Schoul ginn, hätte sech elo ganz séier hannert dem Schierm verstoppt.

D'Digitaliséierung soll eigentlech complementaire zum Léieren an der Schoul sinn, esou de Bob Reuter. Den digitale Klassesall ass besser wéi guer keen, de Presenz-Unterrecht kéint awer net ersat ginn, esou och de Patrick Straus, Direkter vum Escher Lycée Guillaume Kroll:

Déi nächst Deeg géingen elo weisen, ob den Homeschooling nach weider misst verlängert ginn. Am Escher Lycée géing een awer hoffen, dass et mam Presenz-Unterrecht weidergeet. Virun der Vakanz hätt et domadder wéineg Schwieregkeete ginn an d’Enseignanten wiere méi frou, wann d’Schüler an der Schoul wieren. Well och wann den Enseignement à Distance net schlecht géing klappen, kéint d’Aarbecht, déi an der Klass mat de Schüler gemaach ginn, net ersat ginn.

Fir esou gutt et geet virbereet ze sinn, krut d'Léierpersonal aus dem Lycée Guillaume Kroll gesot, dass d'Prüfungen sollen op den Trimester gekuckt geplangt ginn, och wann et den Ament Semester gëtt. Dat géing verhënneren, dass d'Prüfungen soss all zum Schluss vum Semester leien an eventuell net méi kënne geschriwwe ginn, falls d'Schoule nees missten zoumaachen.

D'Léierpersonal an d'Direktiounen probéieren, sech esou gutt et geet un dës Ausnamesituatioun unzepassen. Schwiereg wier et awer, wann ee net plange kéint a wann, wéi beim A/B-System verschidde Modeller zesumme kommen, esou den Expert fir digitalen Unterrecht Bob Reuter:

Als Enseignant misst een nämlech ëmmer ëmswitchen. Op Distanz Schoul halen, misst och anescht geduecht an anescht virbereet ginn. Et kéint een awer verstoen, wisou ee sech fir esou e Modell entscheet hätt. Schüler, déi wärend der Homeschooling-Woch guer kee Kontakt mam Léierpersonal hunn, géinge soss nach méi vun hirer Bildungszäit verléieren. Esou kéint de Lien wéinstens an der Woch, an där d’Kanner an d’Schoul ginn, nach oprecht erhale ginn.

De gréissten Nodeel vum Homeschooling bleift nämlech, dass een d'Schüler op Distanz net esou gutt motivéiere kéint. D'Ongläichheeten, déi duerch déi aktuell Situatioun nach besser siichtbar ginn, wieren awer net nei.

Reportage: Famillen mussen sech nees ëmstellen

Famillen mussen sech nees ëmstellen
D'Vakanz ass eriwwer an d'Diere vun de Schoule bléiwen aktuell elo mol bis e Freideg zou.

D'Vakanz ass eriwwer an d'Diere vun de Schoule bléiwen aktuell elo mol bis e Freideg zou. Mat betraff och d'parascolaire Strukturen an Aktivitéiten. D'Eltere kënnen deemno och elo nees op de "Congé pour raisons familiales" zeréckgräifen. An dem Kader wollte mer wëssen, wéi dësen éischten Dag ,,Homeschooling'' am neie Joer da bei de Famillen ausgesinn huet.

Dofir ware mer um éischten Dag no der Vakanz bis op Diddeleng bei d'Famill Dominique kucken.

Du 5 au 8 janvier 2021: Schouldoheem on air!

Communiqué par: ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

Dès mardi 5 janvier 2021, dans le cadre de la semaine d'apprentissage à distance, schouldoheem.lu propose aux enseignants et aux élèves de l'école fondamentale 4 à 5 séquences d'apprentissage chaque jour, entre 9 h 15 et 16 h 45, en livestream. Plaisantes et amusantes, ces séquences de 30 à 45 minutes, en luxembourgeois, s'adressent à tous les cycles et s'intègrent facilement dans le programme scolaire. Elles portent sur des activités très diverses: théâtre, musique, danse et coding. Les enseignants sont encouragés à y recourir et à en faire le meilleur usage. Les parents peuvent bien entendu regarder et participer. Les séquences restent accessibles après leur diffusion en direct.

Ces offres éducatives ont été conçues et développées par les collaborateurs des sites du SCRIPT (Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques) mimamu.lu – Mir maache Musek, et makedra.lu – Maach (k)een Drama, ainsi que des instituteurs spécialisés en compétences numériques et de l'École nationale de l'éducation physique et des sports.

Des prix seront remis par tirage au sort aux enfants participant à l'activité danse flashmob, prévue tous les jours.

Le programme des séquences d'apprentissage est disponible sur www.schouldoheem.lu/on-air, en 5 langues: luxembourgeois, français, allemand, portugais, anglais.

La diffusion se fait sur la chaine YouTube de schouldoheem.lu: http://edulink.lu/lcp0.

Back to Top
CIM LOGO