Déi aktuell Gesetzgebung géif net duergoen, fir d’Salariéeë virun deene Risiken ze schützen. Duerch de Klimawandel an déi extrem Wieder-Evenementer géif de Mortalitéitsrisiko klammen. Ma si hätten och Auswierkungen op d’Produktivitéit an d’Infrastrukturen, esou den David Büchel vun der CSL. Besonnesch Leit, déi dobausse schaffen, wieren zum Beispill vun extremer Hëtzt oder Keelt betraff.
“Mir revendiquéieren, datt mer eng Reglementatioun kréien, europäesch, national iwwer d’Protectioun géint Hëtzt op der Aarbecht, mat ‘Valeurs limites d’action’, dat heescht, an deem Moment ee muss ‘Mesures de protection’ huelen. A ‘Valeurs limites d’exposition’, ab deenen een net méi ka schaffen”, esou den David Büchel.
Mee Leit, déi dobausse schaffen, sinn och der UV-Stralung ausgesat. Dofir sollt d’Sécherheetskleedung net just virun Accidenter, mee zum Beispill och virun UV-Stralung schützen, fir den Hautkriibs-Risiko ze reduzéieren. D’Schutzkleedung misst doriwwer eraus och dem Risiko vu Krankheete Rechnung droen, déi beispillsweis duerch Moustiquen iwwerdroe ginn, déi wéinst dem Klimawandel, anescht ewéi fréier, och hei iwwerliewen. Ma um Bau oder an der Landwirtschaft oder der Industrie wieren d’Mataarbechter och Pestizide respektiv Loftverschmotzung ausgesat, déi duerch Bränn oder d’Sanéierung vu Gebaier entstinn. Et bräicht dofir e medezinesche Suivi wärend, ma och no der Expositioun an eng Adaptatioun vun den unerkannte Beruffskrankheeten.
D’CSL fuerdert och, datt d’Recht, fir doheem ze bleiwen un d’Alerte vum nationale Warnsystem gebonne gëtt. Wann Lu-Alert de Leit réit, doheem ze bleiwen, zum Beispill wéinst Stuerm, sollen d’Salariéeë keng aarbechtsrechtlech Konsequenze riskéieren, wa se sech un d’Consignë vun der Regierung halen.
“Da stellt sech d’Fro: missten d’Employeure jo eigentlech den Appell och respektéieren, fir déi schaffend Leit? Eigentlech misste jo dann och déi absolut néideg Deplacementer musse gemaach gi vun de schaffende Leit. Wéi gesäit et aus mam Droit de Retrait? Kënnen d’Salariéeën deen Droit de Retrait invoquéieren, am Fall wou se enger Gefor ausgesat sinn, déi bevirsteet? An d’Reaktioun vum Employeur, eigentlech misst den Employeur jo fir sech ze schützen, antizipéieren, well déi Situatioune jo och ëmmer méi heefeg ginn a misst e Plang opstellen, fir de Fall, datt dat geschitt”, esou den David Büchel vun der CSL.
Well d’Situatioun vu Betrib zu Betrib anescht wier, proposéiert d’CSL, secteur-spezifesch Accorden tëscht Sozialpartner ofzeschléissen, deenen de gefuerderten nationalen Aktiounsplang de Kader setzt.
Wat d’Klimapolitik vun der CSV-DP-Regierung ubelaangt, sou bedauert d’Chambre des Salariés, dat den Ament déi falsch Accente gesat géifen.
“Mir hu gesinn, verschidden Hëllefen am Beräich Ëmwelt goufe gekierzt. D’Investissementer an d’Ëmwelt ganz konkreet am Budget pluriannuell bis 2028, déi sinn erofgesat ginn, par-rapport zu deem, wat nach am Abrëll geplangt war. Dat heescht, mir hu manner virgesinn Depensë wéi geplangt waren. Mir hu falsch Präissignaler, déi gesat ginn, duerch déi elektresch Präisser, déi eropginn, obwuel mer alleguerten och dozou gedréckt gi sinn, anescht ze consomméieren, wäerten hei, duerch d’Eropgoe vun den elektresch Präisser, mega héich Depensen op d’Menagen nach duerkommen”, esou d’CSL-Presidentin Nora Back.
Falsch Signaler, um falschen Ament, wa mer iwwer Klimawandel schwätzen an am Sënn vum Klimaschutz agéiere wéilten. Lëtzebuerg hätt d’Moyene fir dat alles ze finanzéieren, wann ee wéilt. Andeems zum Beispill de Patrimoine besteiert géif, sou d’CSL.