
Lëtzebuerg steet deemno och elo op där Lëscht an dat heescht, dass ee bei der Arees an d'Schwäiz 10 Deeg a Quarantän muss. Et soll ee sech 2 Deeg virdrun och bei de kantonalen Autoritéite mellen.
Nieft dem Grand-Duché gëlle vill franséisch Regioune wéi d'Normandie, La Réunion, Provence-Alpes-Côte d’Azur, Île de France oder Centre-Val de Loire als Risikogebitter. Donieft zielen ënnert anerem d'Belsch, Dänemark, Irland, Island, Holland, Portugal, Slowenien, Ukrain, Ungarn, Spunien a Groussbritannien als Länner, vun deenen e grousse Risk ausgeet.
Kosovo a San Marino stinn iwwerdeems vun e Méindeg un net méi op der Schwäizer Risikolëscht.
