
D’Schwämm an de Centre de Détente an der Coque um Kierchbierg bleiwen déi ganz Summervakanz iwwer zou. Dat wéinst gréisseren Aarbechten, wéi op der Websäit un der Coque ze liesen ass. D'Administration des bâtiments publics huet déi Aarbechten an Optrag ginn. Se wieren néideg, fir laangfristeg d'Infrastrukturen ze erhalen, awer och ze moderniséieren. Gewéinlech ass d'Schwämm am Summer maximal 3 Wochen zou fir verschidde Maintenance-Aarbechten.