
En Automobilist war hei an enger Kéier mat sengem Gefier vun der Strooss ofkomm an op de Summerwee geroden. Den Auto hat sech doropshin e puer Mol iwwerschloen a war am Gruef stoe bliwwen. De Fuerer gouf dobäi aus dem Auto erausgeschleidert.
Hie gouf op der Plaz vum Noutdokter versuergt an duerno mat liewensgeféierleche Blessuren hospitaliséiert. Wéi d’Police e Méindeg den Owend matgedeelt huet, ass den 28 Joer alen Automobilist un de Suitte vu senge Blessuren am Spidol gestuerwen. D’Streck war wärend de Rettungsaarbechte fir den Trafic gespaart.
Beim Doudesaffer handelt et sech ëm de Futtballspiller Giuliano Jackson, deen dës Saison zu Rëmeleng an der Éierepromotioun gespillt huet. Hien huet och 49 BGL-Ligue-Matcher fir de Racing an Déifferdeng gespillt.
Schonn um 21.00 Auer e Sonndeg den Owend goufen zwou Persoune blesséiert, wéi sech tëscht Hamm a Sandweiler 2 Autoen ze pake kruten. Géint 21.20 Auer war et dann tëscht Houschent an der Houschter Déckt zu engem weideren Accident tëscht 2 Autoe komm. Hei goufen 3 Blesséierter gezielt.
Schliisslech ware kuerz no 5 Auer e Méindeg de Moien zu Diddeleng an der Route de Kayl 2 Autoen anenee gerannt. Och hei goufen et 2 Blesséierter.