Matmaache ka jiddereen tëscht 14 a 25 Joer. Wéi eng Aktivitéiten een a wéi engem Volet mécht, kann ee selwer wielen. Dobäi ginn et dräi verschidden Niveauen: Bronze, Sëlwer a Gold. Den Ënnerscheed läit bei der Dauer: 6, 12 oder 18 Méint. Wien dat gemaach huet, dee gëtt fir seng Leeschtung ausgezeechent.
Am éischte Reportage vun dëser Serie gëtt de Pit Gaspar virgestallt. Hien ass ganz begeeschtert bei der Saach a mécht elo schonns säin zweete Mérite. Dofir huet hien als Aktivitéiten d’Schwammen, d’Fotografie an d’fräiwëlleg Pompjeeë gewielt. Wat him nach feelt, dat ass de Volet vun der Expeditioun. Ma och op déi freet hien sech schonn elo.