Ze vill IwwerfällSécherheetsentreprise an der Stad soll éischter ufänken

RTL Lëtzebuerg
D’Situatioun wier beonrouegend an et kéint een net méi toleréieren, datt d’Leit sech net méi trauen duerch de Park ze goen.
© RTL Archiv

Dat hunn d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an de Stater Schäffen Serge Wilmes e Mëttwoch de Moien um CityBreakfast betount. Am Kontext vum rezenten Iwwerfall bei der Kinnekswiss huet d’Lydie Polfer betount, datt déi negativ Attitüd vum Policeministere vis-à-vis vun de Kameraen net ze erklären an net ze acceptéiere wier:

Déi Messerpickereien, déi mer bal all Dag an der Zeitung liesen, weist, datt et keen Onsécherheetsgefill ass, mee leider eng Realitéit. A mir waarde leider nach drop, datt déi Mesurë geholl ginn, déi weisen, datt et och op anere Plazen als ganz seriö ageschat gëtt.

De Schäfferot wäert decidéieren, datt d’Sécherheetsentreprise, déi schonn duerch d’stättesch Parken zirkuléiert, schonn um 15 Auer ufänken, amplaz vun aktuell 17 Auer un. Dat wier sécherlech net déi komplett Léisung fir de Problem an et géif een dofir och weider Drock maachen, datt méi Polizisten um Terrain aktiv sinn, huet de Serge Wilmes iwwerdeems nach ënnerstrach.

Back to Top
CIM LOGO