
Et gëtt recommandéiert, sech net ënnert de Beem opzehalen an nëmmen op markéierte Weeër ze bleiwen. Sollt ee gesinn, wéi en Aascht vun engem Bam eroffält, soll een dann och vun do fortgoen.
Natierlech ass et och verbueden, Zigarettestëmp oder aner Saachen, déi kënne brennen, an d'Natur ze geheien. Weider ginn d'Leit an der Stad Lëtzebuerg gebieden, hir Waasserconsommatioun ze reduzéieren.