CGDIS-BulletinSechs Blesséierter bei véier Accidenter e Freidegmëtteg

Samantha Weber
D'Rettungsdéngschter vum CGDIS goufen e Freideg de Mëtteg op véier Accidenter geruff, bei deenen am ganze sechs Leit blesséiert goufen.
Sechs Blesséierter gouf et e Freideg bei véier Accidenter.
© Laurent Weber

Kuerz no 13:10 Auer goufen d'Rettungsekippe vu Biissen a vum Zenter Nordstad op de Colmer-Bierg an d'Avenue Gordon Smith geruff, nodeems hei en Auto accidentéiert ass an eng Persoun verwonnt gouf.

An der Lëtzebuerger Strooss zu Bäreldeng ass iwwerdeem géint 15:47 Auer e weideren Accident geschitt. Och hei gouf et ee Blesséierten, ëm dee sech d'Stater Ambulanciere gekëmmert hunn. Donieft waren d'Pompjeeën aus der Stad a vum Zenter Steesel-Walfer op der Plaz.

Dräi Blesséierter gouf et da géint 16 Auer um Boulevard Charles de Gaulle zu Esch-Uelzecht, nodeems zwee Autoen anenee gerannt sinn. Hei waren d'Rettungsekippe vun Esch, Mamer a Schëffleng am Asaz.

En Asaz fir d'Pompjeeë vum Zenter Stau an d'Ambulanciere vu Wolz gouf et dann nach géint 16:53 Auer um CR309 tëscht dem Donkelsser Potto an der Schleef. Hei waren dräi Autoen anenee gerannt, eng Persoun gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO