
Ganzer sechs Persoune goufe bei engem Accident ëm kuerz viru 4 Auer an der Stad op der Place de Metz blesséiert. Beim Sëtz vun der Spuerkeess waren zwee Gefierer anenee gerannt. Zwou Ambulanzen aus der Stad an ee Samu hu sech ëm déi Blesséiert gekëmmert. Weider Detailer ginn et nach keng.
Zu Uewerkuer an der Route de Belvaux ass kuerz virun Hallefnuecht een Auto op d’Kopp gaangen. Dobäi goufen dräi Persoune blesséiert. Nieft dem Samu vun Esch waren nach dräi Ambulanzen am Asaz.
Wéi d’Police mellt war den Auto géint de Bord vum Trottoir gefuer, huet sech dunn iwwerschloen an ass géint geparkten Autoen geknuppt. De Chauffer vum Won huet zouginn, alkoholiséiert ze sinn. No engem Alkoholtest misst hien dunn effektiv säi Fürerschäin ofginn. De Mann gouf an d’Klinik bruecht.
Zu Dikrech an der Rue du Floss ass géint 1.30 Auer een Motorrad bäigaangen. Do gouf et ee Blesséierten. Wéi d’Police mellt, hätten d’Leit an der Nuecht een haart Knuppen héieren. Een Awunner huet du festgestallt, datt ee Mottorradschauffer blesséiert a sengem Gaart louch. Hien huet d’Ambulanz an d’Police alarméiert. Och hei misst de Samu intervenéieren. De Chauffer wat liicht alkoholiséiert a gouf an d’Spidol bruecht.
Zu Uewerkäerjeng ass e Méindeg de Moie géint 9.30 Auer an der Rue de la Gare iwwerdeems nach ee Motorradsschauffer gefall an huet sech dobäi blesséiert.
An der Avenue de Luxembourg zu Nidderkäerjeng hat et iwwerdeems schonn e Sonndeg am Nomëtteg geknuppt. Ee Chauffer hat hei ze déif an d’Glas gekuckt an ass mat sengem Won widder eng Mauer gerannt. Hie misst säi Fürerschäin ofginn.