Accident a ChuttenSechs Motocycliste falen e Sonndeg mat hirer Maschinn, dräi gi blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Dat mellt de CGDIS e Sonndeg a sengem Bulletin.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Direkt 6 Motocyclisten waren de Mëtteg géint hallwer 4 tëscht Nacher an der Kautebaach gefall. De CGDIS mellt dräi Blesséierter.
An den SAMU huet missen an den Asaz nieft Secouristen aus dem Éislek.

Kuerz virdrun, géint hallwer 3 schonn, koum et zu enger Chute vun engem Motard tëscht der Bockholtzermillen an dem Heischtergronn. Hei gouf et ee Blesséierten hei.

Zwee Blesséierter dann géint 20 op 12 tëscht Elleng a Welfreng. Hei haten zwee Ween sech ze pake kritt.

E weideren Autosaccident um 10 op 12 zu Waasserbëlleg an der Lëtzebuerger Strooss. Hei gouf just eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO