
Dat schreift den OGBL an engem Communiqué. Grond dofir wier dem onofhängege Gewerkschaftsbond no ënnert anerem och, dass Lëtzebuerger Entreprisen systematesch Filialen an Osteuropa opgemaach hunn, fir manner héich Salairë mussen ze bezuelen. Donieft géifen ëmmer méi dacks Sous-traitanten engagéiert ginn, fir manner Responsabilitéit mussen z’iwwerhuelen. A vill Entreprisen géifen hir Leit net gutt genuch behandelen, wat dozou géif féieren, dass kaum nach een deen Job wéilt maachen, esou de Reproche vun der Gewerkschaft. Dowéinst den Appell un d’Patronen, mat hinnen de Kollektivvertrag fir de Secteur nei ze negociéieren.