PoliceSerie vun Abréch an alkoholiséiert Chaufferen

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et an der Nuecht op e Sonndeg zu enger ganzer Serie Abréch.
© RTL Archivbild

Kuerz virun 23 Auer huet e Bewunner, wéi hien Heem komm ass, zwee maskéiert Persounen a sengen Wunnhaus zu Beefort iwwerrascht. Wéi déi zwee de Mann gesinn hunn, si si direkt duerch d’Grand-Rue a Richtung Grondschoul geflücht.

Am Laf vun der Nuecht goufe véier weider Abréch a Wunnenge gemellt, dëst zu Altwis, Useldeng, Ollem a Käerch. An de meeschte Fäll gouf Boergeld, Bijouen oder elektresch Apparater geklaut. D’Ermëttlunge lafen.

Kuerz no 01.00 Auer gouf dann nach en Abroch an en Zeitungsbuttek an der Avenue de la Porte Neuve an der Stad gemellt a géint 04.00 Auer gouf eng Bud um Chrëschtmaart Iechternach opgebrach.

Accidenter an alkoholiséiert Chaufferen

Géint 10.20 Auer huet eng Policepatrull en accidentéierten Auto an der Rue Pierre Hammer zu Péiteng fonnt. Et huet just Materialschued bestanen, ma beim Chauffer gouf en erhéichte Wäert vun Alkoholkonsum festgestallt. De Permis gouf nach op der Plaz agezunn.

Kuerz no 03.00 Auer gouf en Automobilist wéinst senger Fuerweis gemellt. Eng Patrull konnt de gemellte Won kuerz drop zu Fréiseng ausmaachen. Den Alkoholtest bei der Kontroll war positiv an de Fürerschäin ofgeholl.

Géint 06.00 Auer gouf an der Stad,op der Héicht vum Boulevard General Patton, e Chauffer fonnt, den a sengem Auto ageschlof war. Den Auto stoung allerdéngs ongënschteg op engem Vëloswee an de Motor ass nach gelaf. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Mann krut e Fuerverbuet.

Kuerz no 07.00 Auer krut d’Police nach en accidentéierten Auto op der Streck tëscht Fëlschdref an Elleng gemellt. De Mann hannert dem Steier war net verwonnt, awer hannert dem Steier ageschlof. Hien huet eendeiteg Unzeeche gewisen, Alkohol konsuméiert ze hunn, huet awer refuséiert, en Test ze maachen. Hie krut e Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO