De Lëtzebuerger Satellittebedreiwer SES keeft säi Konkurrent Intelsat. Dat war en Dënschdeg déi grouss Nouvelle. En Donneschdeg gouf et weider Detailer zu dëser Iwwernam. An der Chamber huet de Premier Luc Frieden en Donneschdeg nach emol verséchert, dass sech fir de Site Lëtzebuerg net vill ännere wäert. An am Schlass zu Betzder huet deen neie CEO vun der SES, den Adel Al-Saleh, der Press d’Hannergrënn vun der Transaktioun explizéiert. D’SES wëll sech esou breet wéi méiglech opstellen, fir hir Leaderpositioun och an Zukunft ofzesécheren.
Virun dräi Méint huet den Adel Al-Saleh d’Rudder zu Betzder iwwerholl, no fënnef Joer bei der däitscher Telekom. Seng Visioun fir d’SES? Leader an engem Marché bleiwen, dee staark ëmkämpft an am Ëmbroch ass. De klassesche Video-Marché ass réckleefeg, ëmmer manner Leit kucke Satellitten-Tëlee. Op der anerer Säit gi Satellitten- Dateniwwerdroungen ëmmer méi wichteg.
“Den Network-Business ass ganz opreegend. Do kënne mir am Moment richteg wuessen, egal op an eise Geschäfter mat Regierungen oder mat eise Mobilitéitsléisunge fir de Loftverkéier, d’Croisièren oder de maritimme Secteur. An Zukunft wäert sech d’Opdeelung an eisem Portfolio weiderhi veränneren. Den Network-Deel wäert wuessen, an d’Video-Geschäft wäert weider liicht zeréckgoen, iert et sech dann erëm stabiliséiert.”
D’Konkurrenz am Weltall ass grouss. Rezent koume mat Starlink a Kuiper zwee nei Acteuren dobäi, déi innovativ Kommunikatiounsléisungen ubidden. Fir am Spëtzepeleton ze bleiwen, misst d’SES sech breet opstellen. D’lescht Joer wollt d’SES schonn emol mat Intelsat fusionéieren. Dorausser gouf näischt. Elo gëtt Intelsat vun der SES fir 2,8 Milliarden Euro iwwerholl.
“Mir kreéieren eng Entreprise, déi e wierklech staarke Weltraum-Reseau huet. Dozou gehéieren esouwuel geostationär Satellitten, iwwert 100 Stéck dovunner, mee och Satellitten op mëttleren Orbitten, déi mir an de leschte Joren entwéckelt hunn. A mir hu Partnerschafte fir d’Satellitten op nidderegen Orbitten. Mir kréien e Reseau, deen d’Clienten iwwerzeege wäert. Dat gëtt eis d’Geleeënheet fir an d’Zukunft z’investéieren, ouni eis Bilanen ze vill ze belaaschten.”
Déi ganz Transaktioun wär finanziell gutt duerchduecht, d’SES géif sech net verhiewen, och wann d’Finanzmarchéen no der Nouvelle éischter negativ reagéiert hätten, esou den neien CEO vun der SES, dee sech nach emol zum Standuert Lëtzebuerg bekannt huet. Et géif net zur Diskussioun stoen, den Headquarter ze verleeën.
“Mir si ganz houfreg drop, eise Siège zu Lëtzebuerg ze hunn. Mir hunn d’Chance, dass d’Regierung hannerun eis steet an eis ënnerstëtzt. Ronderëm eis ass hei zu Lëtzebuerg eng ganz Space-Economie entstanen. Et geet net nëmmen ëm eis eegent Personal, mee och eis Partner an de ganzen Eco-System. Also jo! Déi nei kombinéiert Entreprise wäert hire Siège zu Lëtzebuerg behalen, mee mir wäerte weltwäit gutt vertruede sinn, och an den USA.”
Eenzel Entloossungen opgrond vu Synergieeffekter ginn net ausgeschloss, mee d’SES wier gewëllt, och weiderhin hei am Land anzestellen - ënnert gewësse Konditiounen:
“Ech schaffen zënter 35 Joer am Technologieberäich, an egal bei wéi enger Firma, dass ech geschafft hunn, mir hunn ëmmer probéiert, déi beschtméiglech Leit ze kréien. Natierlech ass et am einfachsten an am bequeemsten, wann s du dat op dengem Siège méchs. Dofir hu mir jo och iwwer 600 Leit hei zu Lëtzebuerg. Mee mir wäerten op der ganzer Welt astellen, wa mir esou déi beschte Leit rekrutéiere kënnen.”
Déi bescht Leit, fir beispillsweis militäresch Applikatiounen z’entwéckelen? An dësen Zäite gi Satellitten och fir d’Militär ëmmer méi wichteg. D’SES hält sech bedeckt, wat déi eegen Ambitiounen oder konkret Projeten an deem Beräich ugeet, mee gëtt zou, dass een och dee Marché natierlech am A behält.
“De Besoin fir ze kommunizéieren, z’iwwerwaachen, ze wësse wat lass ass, wiisst, dee geet net zeréck. Do geet et net nëmmen ëm de Krich an der Ukrain, et ass déi ganz geopolitesch onstabil Situatioun. Dee Beräich ass och fir eis eng gutt Opportunitéit, esouwuel bei zivillen ewéi bei militäreschen Applikatiounen.”
Egal wéi déi konkret Pläng ausgesinn, d’SES ka sech och hei op d’Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Regierung verloossen. De Premier Frieden huet en Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber nach emol op den Know-How vun Intelsat an deem Beräich higewisen. D’Kombinatioun vun der SES a vun Intelsat géif grad am Defense-Secteur nei Opportunitéite bidden, esou de Luc Frieden.
De Premier huet en Donneschdeg wärend enger Froestonn an der Chamber betount: “Och déi meescht Aarbechtsplaze bleiwen zu Betzder. Déi, déi elo do sinn, déi bleiwen och an Zukunft do.”
Doduerch, datt d’SES Intelsat opkeeft, amplaz mat den Amerikaner ze fusionéieren, géif sech och fir d’Aktionären näischt änneren.
“De Lëtzebuerger Staat behält och all déi Stëmmrechter, d’Minorité de blocage, alles dat, wat an de Statute vun der SES virgesinn ass.”
Datt et awer an Zukunft Transformatioune géing ginn, dat konnt och hien net ausschléissen.
“Selbstverständlech ass et eng Industrie am Wandel, wou ëmmer erëm Restrukturatiounen noutwenneg sinn, mee déi sinn net duerch dës Transaktioun noutwenneg, mee duerch den allgemenge Kontext, deen ännert.”
Domat mengt de Luc Frieden déi ëmmer méi grouss Konkurrenz vun neien Ubidder. Hien huet d’Beispill vu Starlink genannt, “wat dausende vu klenge Satellitte sinn, déi virun allem vun amerikaneschen Operateure wéi Amazon oder Space X duerch d’Welt geschéckt ginn, déi op enger anerer Héischt fléien an déi domat och Déngschtleeschtungen zu anere Präisser ubidden.”
Wéinst deem Drock hätt d’SES musse kucken, fir sech nei opzestellen. D’Transaktioun hätt also zum Zil, “d’SES laangfristeg ofzesécheren an domat och méi staark opzestellen.”
De Premier gesäit nei Méiglechkeeten am militäreschen Beräich: “Intelsat huet notamment eng grouss Kompetenz an der Internetkommunikatioun mat Fligeren, mat Schëffer. A grad och an deem dote Beräich ass dofir d’Kombinatioun vun SES, déi schonn elo am Defense-Secteur war, mat Intelsat bitt déi nei Opportunitéiten.”
Dat géif fir déi Lëtzebuerger, mee och fir déi europäesch an d’NATO-Defense gëllen.