Sensibiliséierungscampagne vum CesasSexuell Gesondheet ass vill méi, wéi keng Krankheet ze hunn

RTL Lëtzebuerg
Vum 14. bis 20. Oktober organiséiert de Cesas eng Rei Aktivitéiten, fir op d'Thematik vun der sexueller an emotionaler Gesondheet opmierksam ze maachen.
© Chris Meisch / RTL

Léift, Sexualitéit, Emotiounen ... all dat si Sujeten, mat deene sech den nationale Referenzzentrum fir d’Promotioun vun der emotionaler a sexueller Gesondheet, kuerz Cesas, beschäftegt. Fir op d’Wichtegkeet vun deene Sujeten opmierksam ze maachen, organiséiert de Cesas zesumme mat hire Partner vun e Mëttwoch un eng Sensibiliséierungscampagne.

Sensibiliséierungscampagne vum Cesas / Reportage Chris Meisch

De Cesas ënnerstëtzt Professioneller mat Formatiounen an Hëllefsmëttel, fir Informatiounen am Zesummenhang mat emotionaler a sexueller Gesondheet zougänglech ze maachen. Si selwer intervenéiert net um Terrain. D’Coordinatrice vum Cesas, d’Christa Brömmel: “Wat ass richteg, wat sinn déi wichteg Themen, wéi bréngen ech déi eriwwer, wéi kann ech ee jonke begleeden ouni en ze iwwerrennen, ouni Decisiounen fir hien ze huelen, hien oder hat oder et begleeden, fir eng Sexualitéit ze entwéckelen an en Sexualliewen ze entwéckelen, wou een zefridden ass, wou een frou ass, wou een sech epanouéiert.”

No der Schoulrentrée vum 14. bis 20. Oktober organiséiert de Cesas eng Rei Aktivitéiten, fir op d’Thematik vun der sexueller an emotionaler Gesondheet opmierksam ze maachen, déi sech un Professioneller awer och de Grand public riichten. D‘Viviane Lima, vum Cesas: “D‘Woch, déi ass a 5 Thematiken agedeelt, also eng Kéier alles wat Enfance, Jeunesse, Famille an Diversité betrëfft. Dann huet een nach Outils pédagogiques an d‘Formatiounen, Personnes a besoins spécifiques, d‘Preventioun vu sexueller Gewalt a Santé publique.”

Nieft der Woch vun der Santé huet de Cesas nach zwee weider Projeten organiséiert. Um Dag vun der Contraceptioun organiséiere si en Online-Seminaire, bei deem déi sëlleg Facetten vun der Verhütung thematiséiert ginn. Da gëtt et nach de Projet „Let‘s Talk about Sex!“. Nach eemol d‘Christa Brömmel: “Et si 6 theoretesch Formatiounen à 4 Stonnen zu spezifeschen Themen, plus eng Journée pratique, wou mir mat enger neier Malaide pédagogique schaffen, den Toolkit „Lets talk about sex“ a wou d‘Leit léieren, wat ass eng gutt Haltung an der Sexualbildung an eben och Aktivitéite presentéiert kréien, fir verschidden Themen vun der Sexualitéit opzegräifen.”

All Aktivitéite vum Cesas si gratis an oppe fir jiddereen.

PDF: Schreiwes Cesas

Back to Top
CIM LOGO