
Beim simuléierte Fall vu schwéieren Iwwerschwemmungen am Norde vum Land, bei déi normal Netzwierker net verfügbar wieren, gouf eng sécher Verbindung iwwert de Satellit GovSat-1 opgebaut. Dëst huet et erméiglecht, datt d’Kommandostatioun vun der Arméi zu Dikrech mat den Unitéiten am Asazgebitt konnt kommunizéieren – inklusiv Videokonferenzen a kritescher Datekommunikatioun.
D’Léisung huet en automatescht Ëmschalte vun den terrestreschen Netzwierker op militäresch Satellittekommunikatioun erlaabt. Nodeems d’Situatioun stabiliséiert war, gouf d’Kommunikatioun ouni Problemer zeréck op déi normal Netzwierker geschalt.