CGDIS prouft den EeschtfallSimuléierten Exercice an der Kathedral Notre-Dame

RTL Lëtzebuerg
E gréisseren Asaz an der Kathedral Notre-Dame géif fir d'Pompjeeën nawell eng Erausfuerderung duerstellen an dat net just well et e komplext Gebai ass.

Fir den Eeschtfall ze prouwen, haten d’Beruffspompjeeën deemno e Freideg en Exercice op Peloton-Niveau organiséiert.

Beim simuléierten Zenario waren d’Ekippe vun de Stater Beruffspompjeeë mat engem Daachbrand konfrontéiert, deen duerch Bauaarbechte verursaacht gouf. Zousätzlech huet missen e blesséierten Aarbechter en charge geholl ginn an et et war d’Aufgab, eng Rei vun de wäertvolle Kulturschätz an der Kathedral, déi 1613 gebaut gouf, a Sécherheet ze bréngen.

Back to Top
CIM LOGO