Covid-RestriktiounenSituatioun an de Klinicke stabel: Komme méi labber Mesuren?

RTL Lëtzebuerg
An onsen Nopeschlänner ass et schonn de Fall, respektiv steet et un. Ginn dës Woch och nach manner streng Covid-Restriktiounen hei am Land decidéiert?

E Mëttwoch am Regierungsrot wäert dat wuel eisen Informatiounen no nach net decidéiert ginn. E Freideg soll d’Regierung dann nach eng Kéier zesummekommen.

En Ewechfale vun der Spärstonn am Horeca-Secteur kéint een envisagéieren, heescht et RTL géintiwwer aus Kreesser vun der Majoritéit.

Wéi d’Parteie sech wäerten zu de Covid-Restriktioune positionéieren, wäert an de Fraktiounssëtzunge festgeluecht ginn. De Chiffer vun den hospitaliséierte Leit par Rapport zu den Neiinfektioune léisst hoffen a weist e Wee fir méi souple Mesuren. De Premier Minister Xavier Bettel den 22. Dezember, wéi déi aktuell Covid-Mesuren annoncéiert goufen:
“D’Texter lafen den Ament bis den 28. Februar. Mee mir engagéieren eis an 2 Richtungen: Wann et sech verschlëmmert, musse mer nei Mesuren huelen. Wa mer gesinn, datt et zum Beispill manner pathogen ass, kënne mer och déi eng oder aner Mesure zréckleeën.”

“Et gëtt den Ament vill spekuléiert”, seet de Piratendeputéierte Sven Clement. “Ech hu mat 3 Leit geschwat, an 3 verschidden Interpretatiounen héieren.” De Politiker ass der Meenung, d’Regierung wier sech oneens, wéi d’Mesurë solle geännert ginn. Wat um Enn decidéiert gëtt, géing wuel vum Drock vun den eenzele Parteien ofhänken.

Den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum sot eis géintiwwer, et misst een elo kucken, wat bei der Fraktiounssëtzung erauskéim. Seng Meenung wier do 1 vun 12, mee hie géing d’Covid-Gesetz auslafe loossen, éier Ännerunge gemaach ginn. Den 28. Februar wier dat dann eréischt de Fall – also no der Fuesvakanz.

Déi gréng Fraktiounspresidentin Josée Lorsché mengt och, datt d’Gesellschaft d’aktuell Situatioun net méi géing packen, huet awer nach keng konkret Hiweiser, a wéi eng Richtung et goe wäert.

Et schéngt dann och, e gewëssent “Spannungsverhältnis” an der Regierung ze ginn. Absënns bei der Fro ëm den 2G an den 2G+.

Eréischt rezent gouf decidéiert, e Gesetzestext fir eng zäitlech limitéiert Impfflicht vu 50 Joer un auszeschaffen. Mam Argument vun der Noutwendegkeet an der Proportionalitéit.

Wann een elo géing soen, datt den 3G fir an de Restaurant oder Bistro ze goen, géing duergoen, wier dat méiglecherweis net als koherent ugesinn. Majoritär schéngt et awer e generelle Wëlle fir méi labber Mesuren ze ginn.

Et bleift just d’Fro, wéi wäit dës solle goen.

Invité vun der Redaktioun (1. Februar) - Dr Christophe Werer: Omikron huet d’Situatioun an de Spideeler verännert

Back to Top
CIM LOGO