"Omikron huet d'Situatioun an de Spideeler verännert"
En Dënschdeg de Moie war de Chefdokter op der Intensivstatioun vum CHL eisen Invité vun der Redaktioun.
Am CHL hätt den Ament kee geboosterte Patient e schwéiere Verlaf. Dat seet den Dr Christophe Werer, Chef vun der Intensivstatioun am CHL. Hie war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Omikron hätt d'Situatioun an de Spideeler verännert. En iwwerdréit sech méi séier, awer de Krankheetsverlaf ass manner schwéier. Dat spigelt sech och an eisen Zuelen erëm, sou de Reanimateur.
Am Moment leie Patienten op der Intensivstatioun, déi zwar Covid-positiv sinn, déi awer net wéinst Covid krank sinn, mä wéinst anere Krankheeten hospitaliséiert sinn, seet de Medezinner. Dat wier anescht ewéi bei Delta. Den Aarbechtsopwand, fir dës Leit ze behandelen, wier awer weiderhin enorm héich.
Mat Paxlovid kéint e schwéiere Corona-Krankheetsverlaf evitéiert ginn. D'Medikament wier wuel fir déi Vulnerabel am interessantsten. Allerdéngs misst ee virsiichteg sinn, well et mat anere Medikamenter interagéiert, sou den Dr Werer.
Am Moment hätt een natierlech bëssen organisatoresch Problemer, well vill Leit feelen. Verschidde Servicer géingen op der Limitt schaffen. Mat Bléck op déi nächst Wochen a Méint hofft den Dokter, datt d'Well séier offlaacht an datt d'Situatioun sech berouegt. Et misst een awer vigilant bleiwen, wat eventuell nei Mutatiounen ugeet.
Mir si frou, wa mer applaudéiert kréien. Nach besser wier et, wann d'Leit sech géifen impfe loossen an eis sou d'Aarbecht géingen ofhuelen, sou den Dr Christophe Werer. No bal 2 Joer wier een op alle Fall midd, awer net demotivéiert.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.