
Dem Direkter vun der FEDIL René Winkin no géifen d’Entreprisë mat kloren Erwaardungen an dës Gespréicher goen.
Engersäits bréicht et eng kloer Analys vun der Situatioun:
“Dat eent ass, d’Situatioun an der Industrie duerleeën a besser verstoen an d’Conclusioun draus zéien, wat eis do nach erwaarde kéint. D’Industrie ass ëmmer am Wandel. Den Hannergrond vun der Energiekris kann dee Wandel och acceleréieren. Dofir ass et och wichteg sech Gedanken ze maachen, wou sinn déi Industrien, wou een d’Leit an Zukunft wëll hi bréngen.”
Onëmgängleche Sujet wieren natierlech och den Ausléiser vun der sektorieller Tripartite: Déi rezent annoncéiert Restrukturatioune mam ugekënnegten Ofbau vun Aarbechtsplazen:
“Wat kann ee maachen, fir dass d’Leit an aner Aktivitéite beschtméiglech eriwwerkommen. Do géif ech mengen, elo ouni wëllen Obstruktioun ze maachen, do wou d’Restrukturatioun stattfënnt, dass ee sech awer och Gedanke soll maachen wéi een deene Betriber hëllefe kann, déi och haut nach ëmmer qualifizéiert Leit sichen. Dat ass an der Industrie, dat kann awer och iwwert d’Industrie eraus sinn. Dat mécht Sënn.”
Den Optakt vun der Industrie-Tripartite ass um 14 Auer e Mëttwoch de Mëtten.