No RekordjoerSNHBM huet aktuell nach Terraine fir méi wéi 3.000 Wunnengen

RTL Lëtzebuerg
D’lescht Joer huet d’SNHBM 300 Wunnengen op de Marché bruecht, dat ass en neie Rekord. Iwwer 1.000 Wunnengen ginn aktuell gebaut.
SNHBM
SNHBM huet aktuell nach Terraine fir méi wéi 3.000 Wunnengen

Déi ëffentlech Wunnengsbaugesellschaft weist sech zefridde mat hirem Resultat vun zejoert. Aktuell wär et net einfach. Wéinst der sanitärer Kris an dem Krich klammen d’Präisser an d’Chantiere gi méi lues.

SNHBM Bilan/Reportage Carine Lemmer

Knapp 7.500 Leit sinn op enger sougenannter Waardelëscht, fir eppes wëllen ze kafen. Iwwer 3.200 wëllen eppes lounen. D’Locatioun ass ëmmer méi eng kloer Prioritéit vun der SNHBM. Eng 350 Locatiouns-Logementer huet se aktuell.

Fir eng Wunneng vun der SNHBM ze kréien, muss ee jo gewësse sozial Krittären erfëllen, d’Detailer fënnt een op hirem Internetsite. Et keeft een op 99 Joer an d’Gesellschaft huet d’Virkafsrecht.

Dofir sinn d’Logementer däitlech méi bëlleg. De Logementsministère iwwerhëlt 50% vun de Produktiounskäschten a 50% vun den Honorairen.

Wann een eppes wëll kafen, muss een en Dossier ofginn, egal ob een op enger Waardelëscht ass oder net. 6 Wochen huet een dofir Zäit. D’Zäiten, wou virun der Wunnengsbaugesellschaft campéiert gouf, sinn definitiv eriwwer.

Aktuell huet d’SNHBM nach Terraine fir méi wéi 3.000 Wunnengen.

“Elmen” an der Gemeng Kielen ass jo den Ament e grousse Projet vun der SNHBM. Hei entsteet e ganzt neit Duerf mat iwwer 2.000 Leit. Déi éischt Awunner sollen Enn September/Ugangs Oktober an den neie Quartier eraplënneren.

Back to Top
CIM LOGO