Also keng Krankekeess hunn oder wann, sech et nawell net leeschte kënnen, fir Medikamenter ze kafen. D’a.s.b.l. Médecins du Monde këmmert sech ëm si, offréiert Consultatiounen a gëtt Medikamenter mat. Ëm déi 900 Patiente gräifen am Joer op d’Hëllef vun der Benevolle-Struktur zréck. Vulnerabel Mënschen, déi d’Kris elo besonnesch trëfft.
De Pavel Georges ass Industrie-Mechaniker, viru gutt 3 Méint koum hien aus Rumänien op Lëtzebuerg, fir eng Aarbecht ze fannen. E schléift den Ament an der Wanteraktioun an ass op d’Doktere vun der Welt ugewisen.
"J’ai un Diabète Type 2, j’ai presque fini mon médicament, je cherche encore un médicament.", esou de Pavel Georges.
Wéi de Pavel si méi wéi 300 Patiente vu Médecins du Monde chronesch krank an deemno besonnesch vulnerabel. Diabetiker, Leit mat Häerzproblemer, chronesche Bronchitten, Bluttdrockpatienten a Leit mat psychesche Problemer.
"All déi Leit brauchen hir Medikamenter an et sinn déi Leit, wou et elo opfält, déi net méi kommen aus Angscht warscheinlech, fir sech hei unzestiechen, well mer net d’Moyenen hunn, fir jiddereen idealerweis ze protegéieren. Dat mécht eis Suergen, wou mer eis Froe stellen, wéi geet et deene Leit? Wou si se?", erzielt de Bernard Thill, de Vize-President vu Médecins du Monde.
80% vun de Patienten hei hu kee feste Wunnsëtz, 70% hu keng Krankeversécherung, 90% liewen ënnert der Aarmutsgrenz, wat se ëmsou méi ufälleg mécht.
"Si kennen net onbedéngt d’Virsiichtsmoossnamen, besonnesch net d’Distanz. Dat ass eppes, wat hinnen net ganz kloer ass. Hännwäschen ass eppes, wat si net onbedéngt an den Habituden hunn.", erkläert d'Christiane Mertens.
Fir d’a.s.b.l. ass de Suivi vun de Patienten an der Corona-Kris eng grouss Erausfuerderung. Just nach déi benevole Dokteren an Infirmieren ënner 65 Joer sinn am Asaz. All jonk Verstäerkung ass deemno wëllkomm.
Déi 4 Permanencë funktionéiere souwäit wéi méiglech iwwer Téléconsultatioun. Wärend dem Tournage hat sech och eng Persoun gemellt, déi e potentielle Covid-19-Patient kéint sinn. Si kritt warscheinlech eng Ordonnance ausgestallt, fir sech an e Centre de soins avancés teste loossen ze goen. Et wär awer sënnvoll, och selwer Tester kënnen ze maachen.
"A mengen Ae wär dat schonn en Avantage, da bräicht een d’Leit net duerch d’Natur ze schécken an eventuell ënnerwee am Bus nach aner Leit ze infizéieren. Mee mir hunn net genuch Material selwer, fir do aktiv ze ginn, mir hu keng Schutzbrëller, keng Blusen.", esou nach den Dr. Bernard Thill.
Dëst grad esou wéi Desinfektiounsmëttel géifen dréngend gebraucht ginn, esou den Opruff vu Médecins du Monde. Bis ewell hat een an de leschte Wochen eng Dose Patienten an e Covid-19-Test geschéckt. Ob déi Betraffe sozialverséchert sinn oder net, hir Prise en Charge ass aktuell assuréiert.
"Déi ass elo assuréiert, do gëtt elo absolut net ëmgekuckt. Jiddereen, dee Soine brauch, kritt och Soinen an et sinn och Strukture virgesinn, wou déi Leit kënnen ënnerbruecht ginn. Dat soll elo déi mannste Suerg an dësem Land sinn.", betount d'Paulette Lenert.
Médecins du Monde begréissen dës Solidaritéit. Si wënsche sech, dass och no der Corona-Kris d’medezinesch Prise en charge fir Leit ouni Moyenen a Krankekeess garantéiert bleift.