
Sollen d'Krittären, fir Lëtzebuerg beim ESC dierfen ze vertrieden, méi streng ginn?
Jo, fannen op alle Fall déi zwee LSAP-Deputéiert Georges Engel a Ben Streff.
Enn September hu si sech an engem Video, deen op de sozialen Netzwierker verbreet gouf, dofir ausgeschwat, datt een entweder déi Lëtzebuerger Nationalitéit muss hunn oder zanter op mannst dräi Joer am Grand-Duché wunne muss oder staark an der Lëtzebuerger Musekszeen verankert muss sinn.
Si begrënnen dat virop domadder, datt d'Participatioun beim ESC Lëtzebuerg zwou Milliounen Euro kascht, dowéinst sollt déi Lëtzebuerger Musekszeen och eppes dovunner hunn.
Op de soziale Reseaue gouf et dono nawell deels zimmlech hefteg Kritik, d'Fuerderung géing an eng populistesch an nationalistesch Richtung goen.
De Georges Engel, dee jo och ee vun den zwee Co-Parteipresidenten ass, huet d'Kritik zwar matkritt, steet awer weider zum Video:
"Ech muss awer och soen, datt ech och ganz, ganz, wierklech immens vill gutt Kritik kritt hunn, a virun allem, wat mech och gefreet huet, an et ass och dorëms, wou et gaangen ass, vun der Musekszeen, vun de Komponisten, vun de Museker, vun deene Leit, déi et betrëfft. An et ass jo och dat, wat mer an deem Video soen, an ech fannen och, datt jiddereen, dee sech fir déi Lëtzebuerger Kulturzeen asetzt, muss net onbedéngt ee Populist sinn. Et dierf een och kënne soen, mir wëllen eis Lëtzebuerger Kulturzeen stäerken, ouni an d'Populismus-Lager gedréckt ze ginn."
De Georges Engel ënnersträicht, datt déi dräi Krittären nieft de Museker och fir d'Komponisten an d'Produzente gëlle sollen. Aktuell musse just d'Museker op d'mannst ee vun deene Krittären erfëllen. Do dernieft gëllt just nach d'Reegel, datt een op d'mannst 18 Joer al muss sinn.