
Weider heescht et, datt sech d’Famill Reiffers dës Transaktioun eng 2,6 Millioune kaschte gelooss huet. Déi 28 Leit vu Sources Rosport géifen integral iwwerholl ginn an déi zwee Direktere Roger Gloden a Max Weber bleiwen op hire Posten.
Virun 20 Joer war den Albert Reiffers ee vun de Protagoniste wéi sech d’Brasserie de Luxembourg, Mousel an Diekirch an zwou Entitéite gespléckt hat: nämlech déi fir d’Béierproduktioun an M Immobilier fir d’Gerance vum Immobiliëpark, deen haut dierft eng 45 Milliounen ausmaachen.