
Op der Finanzplaz huet op en Neits missen e Sozialplang ënnerschriwwe ginn: dës Kéier fir 44 Leit vun der Riverbank, déi hir Büroen um Boulevard Royal huet, an et eréischt zanter 5 Joer gëtt. 13 Persounen hu missten entlooss ginn, well d’Bank sech nei ausriicht.
U sech ware 17 Entloossunge geplangt - d’Gewerkschaften ALEBA, OGBL an LCGB konnten dat awer wärend de Verhandlunge fir de Sozialplang verhënneren.
Wéi et heescht, wier de Sozialplang “en Akt vun der Balance op engem schmuele Wee”.
Hannert der Riverbank, déi sech virun allem op Prête fir kleng a mëttel Betriber spezialiséiert huet, steet als gréissten Aktionär den ägyptesche Geschäftsmann Naguib Sawiris, deem seng Fortune op iwwer 4 Milliarden Euro geschat gëtt.