Schoulflicht bis 18 JoerSozio-professionellen Encadrement baussent de Schoulen soll ausgebaut ginn

RTL Lëtzebuerg
Dat sot den DP-Educatiounsminister Claude Meisch e Méindeg de Moie virun der Press.
Schoulflicht bis 18 Joer
Sozio-professionellem Encadrement baussent de Schoulen soll ausgebaut ginn, sou de Minister Claude Meisch.

Mam Eropsetze vun der Schoulflicht vu 16 op 18 Joer soll d’Offer vu sozio-professionellem Encadrement baussent de Schoulen ausgebaut ginn. A sougenannten “Centre d’Insertion Socio-Professionellen” kënnen haut scho Jonker tëschent 12 a 16 Joer preparéiert gi fir nees zréck an d’Schoul ze goen, respektiv Jonker iwwer 16 Joer fit gemaach gi fir am Beruffsliewe Fouss ze faassen. Aktuell ginn et där 4 uechter d’Land, zu Esch, Merscheet, Furen a Bartreng, déi schonn deels mat Lycéeën zesummeschaffen.

De Lycée Guillaume Kroll zu Esch wier virun e puer Joer schonn Demandeur fir esou eng Offer gewiescht, sou den Direkter Patrick Straus: “Wat kënne mer mat esou enger Schülerpopulatioun maachen, déi wierklech eis um Mol läit, si läit eis engersäits um Häerz, mee anersäits och um Mo. Mir hunn nämlech mat Jonken ze dinn, déi wa mer se normal an enger Klass sëtzen hunn iergendwann esou opfälleg sinn, dass eis näischt aneschters bleift wéi disziplinaresch virzegoen an da ginn se vun enger Schoul an déi aner weidergereecht, de Problem léisst sech op deem dote Plang net an iergendwann hu mär se dozou bruecht, dass se decrochéieren. Et ass eng Schülerpopulatioun déi, wann een et strikt hëlt, si vermëssen de System net an de System vermësst si herno och net.”

Den Direkter Patrick Straus

Domat kéint een net zefridde sinn. Datt de Schoulsystem hei versot huet, well den Educatiounsminister Claude Meisch awer net gëlle loossen: “Et gëtt Jonker, déi decrochéiert well se falsch orientéiert sinn, ech menge schonn datt do d’Schoul eng Responsabilitéit huet. Mä wann et awer familiär Problemer sinn, wann et sozial Problemer sinn wann de Jonke sozioemotionell net déi Stabilitéit huet, déi e brauch, wann et gesondheetlech Problemer sinn, notamment och vun der mentaler Gesondheet, dann ass d’Schoul iergendwann och do mat hire Moyenen um Enn an deem Fall ass et net als en Echec unzegesinn, an deem Fall ass dat heiten éischter eng Stäerkt fir mat anere Moyenen och kënnen ze probéieren deem Jonken ze hëllefen ouni dass en aus der Schoul ausscheet.”

De Minister Claude Meisch

Bei der Visitt am Centre Formida zu Esch si mir zwee Jonke begéint, deenen den Encadrement do op alle Fall gehollef huet, de Reportage a Bild an am Toun den Owend am Journal op der Tëlee.

Back to Top
CIM LOGO