KannaTiVi, sou heescht deen neie Kannerprogramm mat Emissiounen, Serien a Kanner-News op RTL Télé Lëtzebuerg an RTL Zwee.
Ugefaangen um 18:00 Auer mat de flottste Serien op Lëtzebuergesch, wéi zum Beispill déi nei Serie „Fox & Fonsi“ an „D'Lizzie“.
Um 18:30 Auer geet et weider mat der grousser KannaTiVi-Show a mat ganz neien Emissiounen. Moderéiert gëtt dës witzeg, ofwiesslungsräich an edukativ Show vun zwee geckege Presentateuren, de Klaus an de Mish aus „Nächst Statioun“. Fir zousätzleche Spaass an Informatioun suergen d'Animatiounsserien „1,2,3… mol emol“ an „Nächst Statioun“, den edukative Magazin „Weess de wat?“ an de Kanner-Journal „Kannaniuuss“.
Fir déi nei KannaTiVi-Show huet Zeilt Productions en innovativ Konzept ausgeschafft. D'Presentatioun vun der Show gëtt mat der sougenannter "Motion Capture"-Technologie gemaach, bei där déi zwee Aliens Klaus a Mish aus der Serie "Nächst Statioun" iwwert Kamerae vu Schauspiller am Toun an am Bild souzesoe "live" animéiert ginn. Déi zwee kleng virtuell Presentateure kënne mat där Technologie de Kanner d'Emissioun um richtege Plateau vun RTL presentéieren, genee esou wéi wa se sech reell am Studio géife beweegen.
« Nächst Statioun »
« Nächst Statioun » ass eng Animatiounsserie a 26 Episode fir Grouss a Kleng, déi vun Zeilt Productions ganz zu Lëtzebuerg realiséiert gouf, mat der Ënnerstëtzung vum Film Fund Luxembourg. D’Serie dréit ëm zwee kleng Ausserierdescher, de Klaus an de Mish, déi op d’Äerd geschéckt goufen, fir eng Invasioun virzebereeden. Si reesen dobäi duerch d’ganz Lëtzebuerger Land, fir déi ideal Plaz ze fannen, wou si hir Kommandozentral opbaue kënnen. Bei hirer Rees duerch d’Land erliewe si witzeg Aventuren a gi méi iwwert d’Geschicht vu Lëtzebuerg gewuer.
Entdeckt hir Aventurë live op der Tëlee oder am Replay