Lockdown 2.0?Spagat tëscht Gesondheet a Wirtschaft

Jeannot Ries
Christophe Hochard
Zanter Deeg lafe bannent der 3er-Koalitioun Diskussiounen, wéi ee soll op d'Evolutioun vum Virus hei am Land reagéieren.
Spagat tëscht Gesondheet a Wirtschaft
Zanter Deeg lafe bannen der 3er-Koalitioun Diskussiounen, wéi ee soll op d'Evolutioun vum Virus hei am Land reagéieren.

D'Zuelen dierften e Freideg och eng grouss Roll gespillt hunn, wéi d'Membere vun der Regierung zesumme koumen. Dobäi spillt net just generell d'Zuel vun den Infektiounen eng wichteg Roll. Och d'Evolutioun vun den Hospitalisatiounen, an do och nees d'Zuel vun de Leit, déi op den Intensivstatioune leien, ass e wichtege Facteur, wat méiglech Decisiounen ubelaangt.

Et ass kee Geheimnis, datt grad aus de Klinicken e staarken Drock op d'Politik kënnt, fir endlech weider Moossnamen ze decidéieren. D'Spagat tëscht Gesondheet a Wirtschaft rappt d'Regierungsmemberen dann den Ament och hin an hier.
Wann et zu engem zweeten haarde Lockdown kéim, da géif de Commerce zougemaach ginn. Plazen, wou ebe vill Leit zesumme kommen, zanterdeem d'Restaurante virun 3 Wochen zou gemaach goufen.

E weidert waarmt Eisen an der aktueller Diskussioun sinn d'Schoulen. Do, wou d'Infektiounszuele virun der Vakanz sou héich si wéi nach ni. Gëtt déi Vakanz verlängert, zum Beispill bis de 15. Januar? Oder gëtt op e generellen Homeschooling zeréckgegraff? Froen, déi all d'Concernéiert dëse Weekend weider intensiv beschäftege wäerten.

E Freideg huet d'Regierung keng nei Moossnamen ugekënnegt. Aus guddem Grond: De Lockdown-Light, mat Horesca, Kino a Sport weist éischt licht positiv Zeechen. Dofir wëll sech d'Regierung nach e puer Deeg Zäit loossen, éier dann op Basis vun den Zuelen Entscheedunge falen.

"Et wier een op der Kipp", sou de Wirtschaftsminister Franz Fayot am RTL Interview. Hie war e Freideg eisen Invité vun der Redaktioun.

Patrone vu Betriber missten a Fall vu Lockdown fréi genuch informéiert ginn

Sollt et an noer Zukunft zu engem komplette Lockdown zu Lëtzebuerg kommen, wär et wichteg, d'Patrone mat Zäiten iwwer dëse Schratt z'informéieren. Nom éischte Lockdown am Fréijoer hu vill Betriber a Geschäftsleit missen un d'Reservë goen, fir d'Fraisen ze decken. Eng Partie Betriber géifen a schlechten Dicher stiechen.

Eng kloer Kommunikatioun gëtt sech och säitens der Regierung erwaart. Virun allem, fir kloer ze stellen, wéi eng Betriber a Geschäfter vu neien Mesurë betraff wären. Den 2. Januar fänken d'Wantersolden offiziell hei zu Lëtzebuerg un. Fir d'Geschäftswelt ass dës Zäit wichteg, fir d'Wuere lass ze ginn a Geld an d'Keess ze kréien.

A Politik a Gesellschaft gëtt fir éischter Mëtt der nächster Woch mat Nouvellen aus dem Staatsministère gerechent.

Wat bedeit en 2. Lockdown fir d'Betriber?
Sollt et an noer Zukunft zu engem komplette Lockdown zu Lëtzebuerg kommen, wär et wichteg, d'Patrone mat Zäiten iwwer dëse Schratt z'informéieren.

Back to Top
CIM LOGO