BaastenduerfSperrmüll illegal am Bësch ofgetippt

RTL Lëtzebuerg
En zimmlecht ellent Bild kruten d'Leit um Samschdeg de Moien ze gesinn, wéi se mat hire Muppen zu Baastenduerf am Bësch spadséiere waren.
© Laurence Goerend / RTL Mobile Reporter

Hei hu Leit de Bësch mam Dreckstipp verwiesselt an hunn hire Sperrmüll einfach an d’Natur geheit. Wéini genee dëst geschitt ass, ass eis net bekannt, ma mir kruten dës Fotoen e Samschdeg de Moien an d’Redaktioun geschéckt.

Ëmmer nees ginn et esou Meldungen, well Leit mat hirem Dreck net op de Recyclingcenter fueren, ma e puer Euro spuere wëllen, an et dann einfach iergendwou an der Natur entsuergen.

Souwuel d’Gemeng, wéi och d’Police goufen informéiert.

Dreck gouf illegal tëscht Heischent an dem Heischtergronn deponéiert (11.5.2023)
Gréisser Quantitéit un Dreck a Schrott am Bësch entsuergt (4.6.2022)
Illegal Deponie tëscht Jonglënster an dem Blummendall (26.11.2013)

Back to Top
CIM LOGO