
D’Police sicht an deem Zesummenhang no eventuellen Zeien, déi entweder verdächteg Gefierer do gesinn hunn, respektiv eppes iwwert d’Hierkonft vun de Miwwele wëssen.

All d’Informatioune si fir d’Police um Telefon (+352) 244851000 oder via E-Mail op police.turelbaach@police.etat.lu.
D’Police huet an der Nuecht op en Donneschdeg en Abriecher zu Bouneweg festgeholl. Géint 2.30 Auer war dësen an en Auto an an en Haus agebrach. Hie gouf awer vum Awunner iwwerrascht, huet sech dunn ze Fouss duerch d’Bascht gemaach, gouf awer kuerz drop gepëtzt.