
Dat gouf bei der Presentatioun vun de Kandidate fir d’Gemengewalen e Mëttwoch den Owend “op der Schéiss” kloer gemaach. Dofir affichéiert sech den aktuellen 1. Schäffen an Deputéierte Serge Wilmes och als direkten Challenger vun der DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer, eng DP, déi hir Lëscht fir d’kommunal Walen nach net devoiléiert huet.
Op der Lëscht vun den 27 Stater CSV-Kandidate sinn nieft dem Spëtzekandidat Serge Wilmes och de Schäffe Laurent Mosar an de Schäffe Maurice Bauer, genee wéi d’Conseillere Paul Galles an Elisabeth Margue. Mat op der Lëscht figuréiert och d’aktuell onofhängeg Conseillère Marceline Goergen, déi jo hir ADR-Parteikaart ofginn hat an lo bei der CSV ass.
Net méi mat an d’Wale ginn iwwerdeem no enger Dosen Joer an der Stater Märei d’Claudine Konsbruck an d’Europadeputéiert Isabel Wiseler-Lima.
Och net mat senger Partei an d’kommunal Wale geet de Claude Wiseler. Wéi de Co-Parteipresident RTL géintiwwer ewell d’lescht Woch sot, wier hien zwar gefrot ginn, fir an der Stad mat an d’Walen ze goen, mee hie wéilt sech awer exklusiv op d’Parlamentswalen am Oktober konzentréieren.
Op der Stater CSV-Lëscht sinn 12 Fraen a 15 Männer, déi ënnert dem Slogan “Ons Stad. Déi beschte Plaz fir ze liewen!” untrëtt. D’Altersmoyenne läit bei 46 Joer.
Aktuell forméiert d’CSV an der Stad mat der DP eng Koalitioun, déi eng Majoritéit vun 16 Sëtz huet.