
De Premier Xavier Bettel, d’Finanzministesch Yuriko Backes an de Wirtschaftsminister Franz Fayot wäerten de Solidaritéitspak virstellen, aus deem jo schonns zwou Mesuren ëmgesat goufen, nämlech d’Indextranche op den 1. Abrëll, an d’Reduktioun vun 7,5 Cent pro Liter Sprit bis Enn Juli.
Ze stëmme bleift awer beispillsweis nach d’Afréiere vun de Loyere bis d’Enn vum Joer, oder den ominéisen Energie-Steierkredit.