Zanter dem Covid-Gesetz vum Juni gëtt wéi an alle Spideeler, och bei HRS den 3G applizéiert. Wien also an d’Klinick erageet muss de CovidCheck maachen: muss also geimpft, geheelt oder getest sinn. Dofir gi gratis Schnelltester zur Verfügung gestallt. Fir d’Personal dräi Mol d’Woch.
Ma eng Soignante, déi do schafft, géing awer zanterhier refuséieren en Test ze maachen a wier säitdeem och net méi op hirer Aarbechtsplaz gewiescht, confirméiert de Spriecher Marc Glesener vun HRS op RTL Nofro. Och datt ee mat där Persoun an engem Rechtssträit wier.
Et géing sech awer bei deem Fall ëm en Eenzelfall handelen, ënnersträicht de Marc Glesener. D’Spideeler wiere schliisslech den «Nerf de la guerre» beim Kampf géint d’Pandemie an hei géing et dorëm goen, d’Gesondheet vun de Patienten an dem Personal ze schützen. Ganz wichteg wier och z'ënnersträichen, datt dat ganzt näischt mat enger Impfflicht ze dinn hätt.
Bei der Fro, ob et net méiglech wier, wéi a Frankräich, där Persoun Congé sans solde ze ginn, seet hien, datt dat eng Decisioun wier, déi déi politesch Responsabel missten treffen. Esou eng Saach misst am Aarbechtsrecht gereegelt ginn. Am Covid-Gesetz ass et net virgesinn.
Bei den HRS schaffen am Ganzen eng 2.250 Leit, dovunner sinn 300 Dokteren. 1.500 Persoune sinn dann am direkte Kontakt mat Patienten, sou wéi och déi Persoun, ëm déi et beim Rechtssträit geet. Bei HRS sinn an Tëschenzäit 89 Prozent vun de Mataarbechter an den Doktere geimpft.