Affekot André Lutgen"Spidolsgesetz keen Hindernis fir IRMen a Praxissen"

Pierre Jans
Den Affekot André Lutgen reagéiert domat op d‘Aussoe vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert hei op der Antenn.

IRM/Reportage Pierre Jans

D’Gesondheetsministesch hat an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun” erkläert, d‘Loi hospitalière vun 2018 géif e Monopol fir d‘Spideeler am Beräich vun IRMe schafen. Dowéinst hätt si dem Centre médical um Potaschbierg net autoriséiert, esou en Apparat ze benotzen. Dem Affekot no, dee schonn eng Kéier mat enger änlecher Affär befaasst war, ass och dat falsch.

“Och wéinst engem Urteel 2019 am Kader vum Dokteschgesetz.”

D‘Verfaassungs- an duerno d‘Verwaltungsgeriicht hate festgehalen, dass e Verbuet vun engem IRM an enger privater Praxis de fräien Exercice vum Beruff vum Dokter limitéiere géif.

De Gesondheetsministère hat der Demande vum Dr. Renzo Del Fabbro fir säi Cabinet um Ban de Gesperich, also zu Onrecht déi rout Kaart ginn.

Déi selwecht Demande vum Potaschbierg krut elo de Refus vun der Gesondheetsministesch mat Verweis net op d‘Doktesch- mä op dat méi rezent Spidolsgesetz. De Me Lutgen wëll dat esou net stoe loossen.

“Ech géing mol gär gesinn, ob wéi enger legaler Basis si gär géif e Verbuet ausschwätzen. D‘Gesetz iwwer d‘Organisation hospitalière gëtt einfach näischt hier fir Saachen, déi baussent engem Spidol géinge funktionéieren.“

Den Dr. Renzo Del Fabbro krut d‘Autorisatioun fir e Scanner an e Röntgenapparat aus dem Gesondheetsministère.

“A wat den IRM ugeet, brauch ech keng Autorisatioun vum Gesondheetsminister, mä ech brauch eng vun der Inspection du travail et des mines.“

Sëllegen Hygiènes- a Sécherheetscritère mussen erfëllt sinn. De Centre médical um Ban de Gasperich krut d‘Autorisatioun. D‘Schreiwes mat der Ënnerschrëft vum Direkter vun der ITM läit RTL och vir. Me Lutgen.

“D‘Autorisatioune sinn do. Dat huet guer näischt mat der Loi hospitalière ze dinn. Dat Gesetz ass ganz friem zu där Matière. Déi regléiert all déi Apparaten, wa se an engem Spidol stinn. Mir hunn net wëlles, an engem Spidol ze schaffen. Dofir huet et näischt domat ze dinn.“

Den Affekot huet och e kloren Verdacht, firwat Demandë vun Radiologen fir selwer IRMen dierfen ze bedreiwen, ëmmer nees refuséiert ginn.

“Well de Spidolssecteur dat gären hätt an aner Gruppéierungen, déi d‘Personal vertrieden.“

Et géif kee Grond ginn, firwat Privatpraxisse keen IRM dierften a Betrib huelen ewéi dat am Ausland de Fall ass, fënnt de Me Lutgen. Och um Potaschbierg. Juristesch Suitten sinn deemno och do net ausgeschloss.

Op engem anere Blat steet awer nach, wéi Privatpraxissen dem Patient déi deier Apparatur iwwerhaapt verrechne kéinten. Esou en Tarif gëtt et aktuell net.

Back to Top
CIM LOGO